Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Eis Delegatiounen 2017


15/07/2017 - 29/07/2017

International Youth Meeting zu Nova Gorica (SL)

D'Maëlle war am Camp an Slovenien mat Jonken vun 13 verschidden Länner, an schreift:

 "Ech hat eng super Zäit dës zwou Wochen um Youth Meeting an Slovenien, hunn et richteg genoss, hunn vill bäigeléiert an hat immens vill Spaass! Ech hunn vill nei Frënn vun der ganzer Welt kennegeléiert an et war ganz traureg an emotional den Camp ze verloossen, mee wat zielt ass, dass mer an Kontakt wäerten bleiwen an eis erëm wäerten treffen! Dat ass wat CISV ausmëscht an jiddereen soll dëst eng Kéier erliewen menger Meenung no!"


21/07/2017 - 17/08/2017

Village zu Köln (D)

D'Claire, d'Pauline, de Felix an  den Dorian, waren mat hirer Leaderin Marinne fir ee Mount deel am "Pusteblumen-Village" zu Köln. Ënnert dem Motto "Sow a seed and plant a tree" hunn se sech do mat aneren Kanner vu 11 Joer aus 10 anere Länner getraff. Si sinn glëcklech a voller neier Erfarungen erem doheem

 


22/07/2017 - 13/08/2017

Step-up zu Sheffield (GB)

D'Maya, d'Caroline, de Matteo an de Felix hunn dräi Wochen zesummen matt hierem Leader dem Jon am Step-up Camp "Get Up, Stand Up, Step Up" zu Sheffield an England verbruet. Sie waren do mat anerern Jugendlecher vu 14 Joer aus England, Däitschland, Ecuador, Kanada, Spuenien, Norwegen, Italien an Portugal. 


28/07/2017 - 24/08/2017

Village zu London (GB)

D'Fiona, d'Del, den Charles an den Nicolas waren matt hirer Leaderin Nadia waren Mount op London an den "Enchanted Woodland Village" wou se mat aneren Kanner vun 11 Joer aus Éisträich, Ecuador, England, Italien, Japan, Litauen, Holland, Norwegen a Polen zesummen vill Aktivitéiten zum Thema Mënscherechter gemaach hunn.


29/07/2017 - 12/08/2017

International Youth Meeting zu Evertsoord (NL)

D'Magdalena, d'Claire, d'Lisa, den Pierre, den Emil an de Felix waren mat hirer Leader Cathy op de Youth Meeting op Evertsoord an Holland gaangen. Während 14 Deeg haben se sech do op mat aneren Kanner am Alter vun 12 bis 13 Joer aus Däitschland, Vietnam, Holland an vun de Faroe Inselen getraff. De Camp hat den Numm "Route to the roots ". Een vun den Heeschpunkten war sëcherlech d'Visite vum Humanity House zu Den Haag. 


01/08/2017 - 06/08/2017 

International Junior Branch Conference zu Lissabon (P)

Den Mathieu huet profitéiert vun engem "break" an war zu Lissabon wou hien Letzebuerg während 6 Deeg op der IJBC (International Junior Branch Conference) vertrueden huet. Hien huet dat immens interessant fonnt an vill geléiert iwert den Functionnement vum CISV op internationalem Plang an iwert d'Vierbereden vun Junior Branch Aktivitéiten mat JB Vertrieder vun quasi 65 Länner!


06/08/2017 - 26/08/2017

Seminar Camp zu Clairefontaine (L)

D'Emilie an d'Maya waren am Seminar Camp zu Clairefontaine, deen mer selwer organiséiert hunn. Si hunn mat 22 aneren Jugendlechen aus Frankrâich, Däistschland, England, Ecuador, Brasilien, Bulgarien, Israel, Italien, etc.etc. flott 3 Wochen verbruet. Si waren encadréiert ënneranerem vun eisen JB Inès a Lis.

Cookie Policy

This site uses cookies to store information on your computer.

Do you accept?