Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Eis Delegatiounen 2019

14/4/2019 -21/4/ 2019

International Youth Meeting, Hordaland an Norwegen

D'Rose, d'Mila, d'Clara, d'Noémie, d'Claire, de Kai an hir Leaderin d'Céline waren an der Ouschtervakanz fir 8 Deeg an den International Youth Meeting op Sandnes an Norwegen, wou si zesummen mat d'Delegatiounen aus Brasilien, Indien, Norwegen an Schweden eng flott Zäit haten. keen ass enttäuscht erem komm an all wiren se nach gäeren do bliwwen.

 

05/07/2019 - 01/08/2019

"XOLOMIXTLE VILLAGE" zu Mexico-City, Mexico:

 D'Automne, den Emil, den David an den Jules, haten eng fantastesch Zäit mat hierem Leader Louis am Village zu Mexico-City.


02/08/2019 - 29/08/2019

"NONDIKASS VILLAGE" zu Lëtzebuerg

D'Emmanuelle, d'Leisha, den Théo an den Arthur, an hier Leaderin d'Lis hunn sech zu Dummeldeng, een Mount laang mat Kanner aus Japan, USA, Canada, Philipinnen, Italien, Schweden, Frankräich, Grouss-Brittanien, Litauen, Mexico an Holland , een ganzen Mount mam Thema Conflict & Resolution auserneengesat. Natiirlech hunn si och dobäi vill Spaass gehat an sech gutt amuséiert.

 


05/07/2019 - 19/07/2019

International Youth Meeting "EXPECTO PATRONUM" zu Bursa, Türkei

 D'Laurie, d'Pauline, d'Del, den Gabriel, den Dorian an den Sean waren zesummen mat hierer leaderin Lis op Bursa an d'Türkei. 

 


05/07/2019 - 27/07/2019

Step-Up "TOLKA" zu Vasteras, Schweden

 D'Lisa, d'Camille, den Felix an den Sébastien, haten mat 14 Joer elo d'Geleeënheet mat hierem Leader Mathhieu , 3 Wochen an engem Step-Up Camp deelzehuelen.

 


03/07/2019 - 25/07/201

Step-Up "Camp Tayo" zu Bacolod, Philipinnen

 Eis 15-jähreg, d'Lou, d'Florence, den Emile an den Félix, waren mat hierer Leaderin Catherine fir 3 Wochen op Bacolod


29/06/2019 - 13/07/2019

International Youth Meeting zu Monterrey, Mexico

 D'Rose ( 16 Joer) hat sech alleng op de Wee op Monterrey gemaach fir do fir 14 Deeg am Youth Meeting deelzehuelen

 

 


22/07/2019 - 05/08/201

International Youth Meeting  "SLOVE" zu Nova Gorica, Slovenien

Den Matteo (16 Joer) war och zwou Wochen an Slovenien. Hien ass alleng gereest, mee en huet vill Gläichaltreger fonnt mat deenen en sech zu regionalen Thement auserneen gesat huet.

 


02/08/2019 - 16/08/2019

International Youth Meeting zu Barcelona, Spuenien

 D'Caroline (16 Joer) ass alleng a Spuenien gereest. 

 


06/07/2019 - 26/07/2019

Seminar Camp zu Mexico-City, Mexico

 D'Tess an den Philippe sinn zesummen op Mexico City gereest, fir Lëtzebuerg während 3 Wochen am Seminar Camp ze vertrieden.

 

Cookie Policy

This site uses cookies to store information on your computer.

Do you accept?